BËSCHFEST 2019 AM BOMMERTBËSCH

No villen Onsecherheeten wéinst der Raupeplo vum leschte Joer, kruten d’Veräiner gréng Luucht vun der Gemeng fir och dëst Joer hier Bëschfester am Bommertbësch ofzehalen.

D’Käerjenger Musek huet de Week-End vum 11ten an 12te Mee den Optakt vun der Saison mat hierem Bëschfest gemaach. Och wann d’Wieder eis Samschdes e Strëch duerch d’Rechnung gemaach huet, konnte mir Sonndes bei bloem Himmel awer vill Leit am Bësch begréissen. De ganz jonken Jazzquartett “Quatharsis” huet fir de musekaleschen Encadrement während dem Apéritif gesuergt.

Am Nomëtten war dann eng Quizronn, wou ganz vill Leit matgemaach hunn a wou et ganz flott Präisser ze gewanne gouf. De ganzen Dag war och fir d’Kanner gesuergt, mat Facepainting, Béckseschéissen, Diaboloatelier a Spill- a Moleck.

Um 17h30 hunn d’Käerjenger Jongbléiser dann och nach e Concert zum Beschte ginn.Alles an allem war et e gelongene Week-End. Hei geet et bei d’Fotoen.

Eis Sponsoren

ID.Communication © 2022. All rights reserved.